Réouverture « Millespënnchen »

 Vun dësem Samschden, 11. Juli 2020 un, ab 16:00 Auer ass d’Millespënnchen rëm op! 😀

D’ASBL „Aide Philippines“ bidd Iech iwwert d’Summerméint niewent Gedrénks a Glacen och eng kleng Restauratioun un, ënnert anerem mat e puer philippinesche Spezialitéiten. 🍻🥂🍛

De „soft-opening“ vun der „place to be“ iwwer de Summer ass dëse Samschden a Sonnden jeeweils vun 16:00 bis 24:00 Auer.

Vun ee Mëttwoch, dem 15. Juli 2020 un an dat viraussiichtlech bis Enn September bedreiwt « Aide Philippines » d’Millespënnchen jeeweils vu Mëttwochs bis Sonndes mat Öffnungszäiten vu 16:00 bis 24:00 Auer. 

Wann dir also Loscht op ee Patt oder ee gudde Maufel hutt, da besicht eis an der
Millespënnchen op der Biekerecher Millen
L-8521 Biekerech, 103, Huewelerstrooss. ☀️

 

Print Friendly, PDF & Email

Des articles de la même catégorie

Ouverture SIDEC

Ouverture SIDEC

Matdeelung vum Offallsyndikat SIDEC: D'Containerparken, ë.a. zu Réiden sinn ab dem 9. Juni zu de gewinnten Auerzäiten op:Dënschtes bis Freides vun 09.00 - 11.45 a vun 13.00 - 17.00 Auer, souwéi Samschdes vun 09.00 - 16.00 Auer Message de la part du syndicat pour la...

lire plus