Gold fir d'Gemeng Biekerech

D'Gemeng Biekerech huet sech säit Mëtt der 90er Joren schonns dem Klimaschutz verschriwwen an huet zënterhier eng konsequent Politik ëmgesat fir dem Klimawandel op lokalem Niveau entgéintzewierken.

Et war deemno 2013 ee logesche Schratt, datt eis Gemeng dem Klimapakt bäigetrueden ass. Mam Klimapakt kréien d'Gemengen ee professionelle Klimapaktberoder zur Säit gestallt, deen eng Bestandsopnam vun aktuellen kommunale Klimaschutzmesuren mécht an och nei Mesure'en proposéiert. Eng finanziell Ënnerstëtzung säitens dem Staat motivéiert d'Gemengen doriwwer eraus sech aktiv am Klimaschutz z'engagéieren.

Ganz nom Bottom-Up-Prinzip ginn d'Bierger iwwert de Wee vun de Gemengen mat an d'Verantwortung geholl. A sougenannten Klimateams sichen d'Bierger zesummen mat de Gemengepolitiker an dem Klimapaktberoder no Léisungen fir hir Gemengen méi klimafrëndlech ze gestalten.

De Klimapakt ass awer och ee Qualitéitslabel, deen et erlaabt d'Ustrengungen vun de Gemengen um Niveau vum Klimaschutz ze bewäerten. Domat ass och ee Verglach tëschent de Gemengen méiglech, wat zu engem gesonde Konkurrenzdenken féiert an d'Gemengen motivéiert besser ze sinn ewéi d'Nopeschgemengen. Dobäi beschränkt sech de Klimapakt net nëmmen op lëtzebuergesch Gemengen. Et gëtt en ënnert anere Nimm och an der Schwäiz, Däitschland, Eisterräich, Frankräich, Monaco a Liechtenstein.

A wëll de Klimapakt ee Qualitéitslabel ass, ginn och reegelméisseg Audit'en an de Gemengen gemaach fir d'Klimaschutzmesuren objektiv ze bewäerten. Je no Leeschtung vun de Gemengen ënnerscheet een am Audit tëschent dem 1. Niveau (>40%), Sëlwer (>50%) a Gold (>75%).

D'Gemeng Biekerech hat als 1. lëtzebuergesch Gemeng et 2015 fäerdeg bruecht aus dem Stand de Gold-Niveau mat 79,6% z'erreechen.

4 Joer duerno, méi genee den 8. Juli 2019 huet d'Gemeng Biekerech sech engem zweeten Audit misse stellen. Obwuel d'Lat héich houng, konnt d'Gemeng Biekerech sech mat 84,6% staark verbesseren! Eng wichteg Unerkennung fir all déi Aarbecht, déi an de leschte Joren vu ganz villen Acteuren aus der Gemeng geleescht gouf.

Zesummen mat de 4 aneren Gold-Gemengen Ell, Park Housen, Schëffleng an Tandel, konnt d'Gemeng Biekerech den 11. Oktober mat Vertrieder vum Gemengerot, dem Service Technique an eiser Klimapaktberoderin, dem Caroline Schmit, zu Locarno an der Schwäiz de Gold-Zertifikat entgéint huelen.

Dës Auszeechnung motivéiert eis Gemeng weiderzefueren mat eise Beméiungen fir méi Klimaschutz an eiser Gemeng an domat och méi Liewensqualitéit fir eis Bierger.

Bei der Iwwerreechung vum Präis hu mir all och un eise verstuerwene Frënd an Éierebuergermeeschter, de Camille Gira missen denken. Dem Camille seng Visioun vun enger energieautarker Gemeng an déi konsequent Ëmsetzung vun dëser Visioun an d'Realitéit, huet et éischt erlaabt, d'Gemeng Biekerech op deen Niveau ze bréngen, fir dee mir och zu Locarno vu villen auslänneschen Gemengen beneit gi sinn.

Et ass mir deemno och ee besonnescht Uleies dëse Präis dem Camille Gira ze widmen, dee ganz fréi d'Zeechen vun der Zäit erkannt hat an eis Gemeng op déi richteg Schinnen gesat hat.

--------------------------------------------------------

Depuis les années 90 la commune de Beckerich s'est vouée à la protection du climat et depuis lors pratique une politique conséquente au niveau local dans la lutte contre le réchauffement climatique.

Il ne fut en 2013 qu'une conséquence logique d'adhérer au pacte climat, donnant accès aux communes de pouvoir profiter des services d'un conseiller professionnel en la matière. Celui-ci fait un inventaire des mesures actuelles communales en place, et propose de nouvelles mesures. Une aide financière de la part de l'Etat motive les communes davantage de s'engager activement en matière de protection du climat.

Suivant le principe de commencer à la base, les citoyens sont responsabilisés par la voie des communes. Dans des groupements dénommés « Klimateam », les citoyens élaborent ensemble avec les élus locaux et le conseiller climat des solutions à faire évoluer leur commune dans un sens du respect du climat.

Par ailleurs, le pacte climat est un label de qualité, qui permet d'évaluer les efforts entrepris par les communes au niveau de la protection du climat. Ainsi une comparaison entre les communes peut également avoir lieu, ce qui stimule l'esprit de compétition et motive à faire mieux que les communes limitrophes. Le pacte climat est transfrontalier. Il existe sous d'autres dénominations en Suisse, Allemagne, Autriche, France, Monaco et le Liechtenstein.

Etant un label de qualité, des audits réguliers ont donc lieu dans les communes pour évaluer objectivement les mesures de protection du climat en place. Suivant les efforts entrepris par les communes, l'audit émet un 1er niveau (>40%), Argent (>50%) et Or (>75%).

En 2015, la commune de Beckerich a réalisé, en tant que première commune au Luxembourg lors d'un premier audit, un niveau Or avec une totalisation de 79,6 %.

4 ans après, le 8 juillet 2019, un deuxième audit a été réalisé auprès de notre commune. Bien qu'il soit difficile d'évoluer à ce niveau, la commune de Beckerich a su réaliser 84,6 %, ce qui constitue une amélioration considérable ! Une reconnaissance importante de tous les travaux réalisés les dernières années par beaucoup d'acteurs dans la commune.

Ensemble avec les 4 autres communes ayant réalisé le niveau Or, Ell, Park Housen, Schifflange et Tandel, la commune de Beckerich, représentée par des membres de son conseil communal, du service technique et notre conseillère climat, Caroline Schmit, fut honorée de la certification de niveau Or en date du 11 octobre à Locarno en Suisse.

Cette distinction motive notre commune de continuer nos efforts pour encore faire mieux en matière de climat et ainsi améliorer davantage la qualité de vie de nos citoyens.

Lors de la remise de prix nous avons tous dû penser à notre ami défunt et bourgmestre honoraire, Camille Gira. Sa vision d'une commune autarcique en énergie et la mise en œuvre conséquente de cette pensée en réalité a permis de relever la commune de Beckerich à ce niveau, pour lequel nous avons été enviés par beaucoup de communes étrangères à Locarno.

Il m'importe par conséquent de tout cœur de dédier ce prix à Camille Gira, qui a remarqué les signes du temps très tôt, et qui a mis notre commune sur la bonne voie.


 

Thierry Lagoda

Bourgmestre de la commune de Beckerich