Eng nei Traditioun

​De Summer 2000 ass ville Bierger aus eiser Gemeng a gudder Erënnerung bliwwen. T’muss immens gewiescht sinn, dat faméist „Sonneblummefest", well haut nach gären driwwer gezielt gëtt. An der Millen hänkt och zanterhier e grousst Bild, wat deemools am Kader vun de Festivitéite vun de Schoulkanner gemoolt gouf.


Dëse Leader & Interreg Projet war e Gaardefestival mam Numm „Jardins... à suivre", wou verspreet temporär Kënschtlergäert ugeluecht goufen. Eent dovun entstoung an der „Biekerecher Sonneblummegemeng" vis-à-vis vun der Millen op der grousser Wiss beim Weier. Ze verdanken hate mir dat der Initiatorin, der Kënschtlerin Josée Bourg vu Näerden. Hir Sonneblummen-Interaktioun war e Konschtprojet, den uechter d’Joer an e puer Etappe geplangt war, an um Zesummespill vun deene 4 Elementer, de Stären an de Saisonen opgebaut war, als Metapher vu Gebuert an Doud. Mat der Hëllef vun der Coordinatrice Monique Schweicher vu Biekerech, zesumme mat de Bierger, de Paysagisten, enger Unioun vu Kënschtler a mat de Gemengenaarbechter, iwwer 43 verschidden Zorte Sonneblumme konschtvoll geplanzt, an en onvergiesslecht Fest op d’Bee gestallt haten.


Eng manner schéin Erënnerung, déi mir och ni vergiesse wäerten, ass de 16. Mee d’läscht Joer. Deen Dag huet de Camille Gira eis onerwaart verlooss. De Schock setzt nach ëmmer déif an de Schanken, a vill vun eis wënschen sech eng Manéier, fir him ze gedenken.


Dofir léif Biergerinnen a Bierger, loosst eis zesummen eng Sonneblummenaktioun starten, fir dem Camille esou eis Éier z‘erweisen! Nitt déi Läscht! Well wa mir wëllen, kann heirauser eng Traditioun entstoen, déi mir all Joer nees op e Neits opbléie loossen.


Op der Gemeng kënnt Dir Iech e Grapp gratis Sonneblummekäre siche goen. Planzt se am beschten an äre Virgäertchen, do wou een se gutt gesäit! Ufanks Abrëll ass e gudden Zäitpunkt!


D’Organisatioun vun engem Sonneblummefest ass natierlech och méiglech, virausgesat mir hu genuch Leit déi eng Hand matupaken. Interesséiert? Da mellt Iech un via Mail: info@beckerich.lu