Eng Uelegmillen op der Kierchplaz

​An der Februar-Editioun 2019 vun der Suebelmouk hat de Schäfferot een Opruff un all Kënschtler oder Léit mat handwierklechem Geschéck aus eiser Gemeng gemaach fir de Millesteen mat der Rum op der Kierchplaz zu Biekerich nei hierzeriichten.

Zréckbehale gouf de Projet vun de Millepätteren aus der Biekerecher Millen. Et handelt sech ëm eng Replik vun enger aler Uelegmillen, déi net ganz wäit wech tëschent der Kierchplaz an der Burgaass zu Biekerech stoung.

An den 80er Joren gouf den ale Millesteen op dëser Plaz ausgegruef, deen elo eng nei Plaz an dësem Nobau rëmfënnt.

Zënter Joerhonnerten ass ë.a. aus Nëss, Buchakeren, Raps a Sonneblummen een Ueleg hiergestallt ginn, deen an der Kichen benotzt gouf, respektiv an den Uelegluuchten fir Liicht gesuergt huet.

Säit kuerzem ass den éischten Deel vun der Uelegmillen op der Kierchplaz opgeriicht ginn, dëst an enger Zesummenaarbecht tëschent de Millepätteren an eise Gemengenaarbechter.

An den nächste Wochen gëtt nach een Haischen iwwert d'Uelegmillen opgeriicht. Ënnert dem Daach gëtt een Nobau vum alen Dréihwierk installéiert. Ugedriwwen gouf déi al Uelegmillen fréier mat Waasserkraaft. Op der Plaz vun der Uelegmillen goufen et Fëschweier, déi duerch d'Quellewaasser am Dall opgefëllt goufen.

Ee Modell vun dëser Uelegmillen fënnt dann och seng Plaz am Péitche Lauer, de Gîte touristique zu Useldeng.

Am Numm vun der Gemeng, ee ganz grousse Merci un eis Millepätteren fir dës flott Installatioun!