Eng Flatterulm fir d'Kanner vum Joergang 2018

Um Nationalen Dag vum Bam huet d'Klima- an Ëmweltkommissioun mat den Elteren e Bam fir déi neigebuere Kanner aus dem Joergang 2018 geplanzt.

Samschdes, de 9. November, hunn d'Elteren a Familljemembere vun 24 Kanner déi am Joer 2018 an eiser Gemeng gebuer goufen, sech um Parking bei der Seeërei afonnt, fir un der Planzaktioun deelzehuelen.

Eng Flatterulm, de Bam vum Joer 2019, gouf geplanzt.

Duerno war nach e flotten Empfank an der Millen. Niewent engem Patt a gudde Schnittercher, sinn d'Féissofdréck vun de Kanner op Leemplakke geholl ginn.

Op dës Leemplakke goufen de Virnumm an de Gebuertsdatum vun de Kanner geschriwwen an duerno gouf d'Plack a Form vun engem Blat erausgeschnidden. Dës Leemblieder ginn am Keramiksatelier vun den Autiste gebrannt.

D'nächst Fréijoer ginn dann d'Blieder un de Bam gehaangen. D'Eltere kréien och e Blat fir op hire Bam ze hänken.

Am Kader vum Nationalen Dag vum Bam huet de Biekerecher Gemengerot den Elteren d'Wiel tëschent dem Bam vum Joer oder verschiddenen Uebstbeem ugebueden, fir bei sech doheem ze planzen.

E grousse Merci un d'Gemeng an d'Membere vun der Klima- an Ëmweltkommissioun fir hiren Asaz.