Ëmweltdiplom 2019

​D'Aktivitéiten an der Natur fir d'Kanner aus de Gemenge Biekerech a Sëll hunn den 22. Januar ugefaangen. Et ass säit 2014 dat déi zwou Gemengen zesummen dës Aktivitéite fir d'Kanner aus de Cyclen 2-4 organiséieren, déi ënnert der Leedung vum SICONA-Centre an dem Fierschter ofgehale goufen.

E Samschden, de 9. November, wor déi leschten Aktivitéit. Beim Bëschhaischen hunn d'Kanner mam Sylvie Stranen Hütte gebaut. Duerno hunn déi 2 Buergermeeschteren Thierry Lagoda a Jean Konsbrück a Präsens vu villen Elteren a Familljememberen, de Kanner hiren Diplom iwwerreecht. Als Kaddo gouf et e Feiersteen. Duerno hunn de Fierschter Thierry Hollerich a seng Equipe beim Lagerfeier gegrillt an den Owend ass mat engem gudde Wupp an Hamburger a selwergebakene Kuchen ofgeschloss ginn.

D'Theme vun den 10 Aktivitéitsnomëtteger wore breet gefächert : am Januar si mer gewuer gi wéi Déieren de Wanter am Bësch verbréngen, am Februar ass e ganzen Dag bei Spiller a Spaass am Bësch verbruecht ginn, am Mäerz hu mer mam Fierschter Beem geplanzt, am Abrëll hu mer geléiert e Bou ze schnëtzen, am Mee hu mer um Feier Pizza gebak, am Juni ass aus Naturmaterialien eng flott Jickebunn gebaut ginn, am Juli stounge Strategiespiller um Programm, am September hu mer mam Fierschter am Holzatelier Katapulter gebaut, am Oktober si Villercher beréngt ginn an d'Ofschlossaktivitéit war de Bau vun Hütten.

E grousse Merci un all déi Leit, déi duerch hiren Asaz dës Aktivitéiten erméiglecht hunn : de Gemenge Biekerech a Sëll, dem SICONA mam Sylvie Stranen, der Natur- a Forstverwaltung mam Fierschter Thierry Hollerich a senger Equipe, an de Memberen aus der Klima- an Ëmweltkommissioun.